Fuerderungen

Mir wëlle fir Schëffleng Wunn- a Liewensqualitéit!

Mir wëllen eng Gemeng, déi biergerno, kannerfrëndlech, sécher, fair, lieweg a nohalteg ass!

  • Eng biergerno Gemeng: D‘CSV wëll eng lieweg lokal Demokratie. All Bierger huet d’Recht fréizäiteg, regelméisseg an ëmfaassend iwwer d’Politik an d’Entscheedungen an der Gemeng informéiert ze ginn. Matsproocherecht ass erwënscht a soll gefördert ginn.
  • Kannerfrëndlech Gemeng: D‘CSV wëll eng Gemeng, wou jidder Eenzelen sech wuelfillt, ob jonk oder al, ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger. Och Leit mat Behënnerung sollen an eiser Mëtt eng Plaz hunn.
  • Sécher Gemeng: D‘CSV wëll sech asetze fir d’Sécherheet an déi ëffentlech Uerdnung an der Gemeng. E proppert Schëffleng dierf keng eidel Floskel sinn.
  • Fair Gemeng: D‘CSV wëll dat soziaalt Zesummespill stäerken. All Awunner hunn d’Recht op eng aktiv Bedeelegung um Gemengeliewen.
  • Lieweg Gemeng: D‘CSV wëll de Mateneen, a setzt dofir op d’Veräiner a op d’Noperschaft. Zu enger lieweger Gemeng gehéiert och eng lieweg Geschäftswelt an e gesonde Mëttelstand.
  • Nohalteg Gemeng: D‘CSV wëll, datt all Entscheedung nohalteg gepréift an hannerfrot gëtt. Et dierfe keng Decisiounen zu Laaschte vun eise Kanner oder Kandskanner geholl ginn.
  • Mir wëllen eng gesond Gemeng – finanziell, economesch a sozial gekuckt.
  • Mir wëllen eng naturfrëndlech Gemeng.

Dës Iwwerleeungen a Philosophie sinn d’Basis fir d’Opstellung vun eisem Wahlprogramm, dee mir an de nächste Wochen a Méint finaliséieren an dem Bierger da virstellen.