Offener Brief an die CSV Bürgermeister, Schöffen und Gemeinderäte

Liebe Kolleginnen und Kollegen. Die letzten Wochen veranschaulichen, dass die dramatischen Entwicklungen in den japanischen Atomkraftwerken (AKWs), niemanden gleichgültig lassen. Bei allen Mitbürgern ist eine tiefe Unruhe und Unsicherheit spürbar. Die Katastrophe hat eine seit Jahren unumgängliche Debatte über Atomenergie im Allgemeinen und Sicherheit von Kraftwerken im Besonderen ausgelöst. Das Vertrauen in die Beherrschbarkeit dieser hochkomplexen Technik ist abermals tief erschüttert worden.

Continue reading ‘Offener Brief an die CSV Bürgermeister, Schöffen und Gemeinderäte’

CSV, iwwerall do, wou Mensche sinn

D’Ried vum CSG-Nationalsekretär Paul Weimerskirch um CSG-Kongress “Zesummen. Fir eis Gemengen.” Dat wor de Motto vun onsem leschte Kongress am Oktober 2009 zu Beggen am Kulturzentrum. Et wor e Kongress mat am Mëttelpunkt der Wahl vun engem neie Komitee. Politesch gesinn ass – no der Wahl an der neier Regierung – de neie Programm vum Inneministär an de Bléckpunkt gestallt ginn. De Gilles Roth als Präsident a meng Wéinegkeet als Nationalsekretär sinn an dëse Mandater confirméiert ginn. Zu neie Vizepräsidenten sinn d‘Marianne Brosius-Kolber, de Léon Gloden und den André Kirschten gewielt ginn. Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf an de Wunnengsbauminister Marco Schank hu verschidde Punkte aus dem Koalitiounsprogramm, déi d’Gemengen direkt oder indirekt concernéieren beliicht. Den deemologen Parteipräsident François Biltgen huet d’Aarbecht vun der CSG kommentéiert a ënnerstrach, datt d‘Gemengeréit e wichtege Pilier fir d’Emsetzung vun der CSV-Politik um lokale a regionale Niveau sinn. Continue reading ‘CSV, iwwerall do, wou Mensche sinn’

Ried zum Schëfflenger Gemengebudget 2011

Iwwerleeungen a Kommentare vum Paul Weimerskirch (CSV)

Eng éischt Feststellung: par rapport zu fréiere Joere gëtt och dëse Budget an engem total verännerten Ëmfeld, mat enger Rei vun onséchere Parameteren opgestallt. D’Experte streiden sech iwwer Wuesstem, iwwer d’Entwécklung vum Chômage an de Weeër fir aus de rezessiounsbedingte Problemer erauszekomme. Nach ëmmer muss déi international Finanzwelt an d’Economie eng Kris verdauen, déi hiresgläiche sicht. No den de fette Joere mat iwwerduerchschnëttlech héichem Wuesstem musse mir an Zukunft mat méi bescheidene Méiglechkeete rechnen, och wann dat haut nach net esou gesi gëtt, oder sech esou bemierkbar mëscht. Ech kommen nach dorop zréck.

Och wa de Buergermeeschter ëmmer nees seet, de Budget ass par rapport zu de Konten eppes Visionäres, esou mengen ech, datt dës Approche kengeswees d’Philosophie ka sinn fir de Budget ze definéiere. Haut ass Wäitsiicht a Virsiicht gefrot, méi ewéi soss! Haut ass et méi ewéi je noutwenneg e realistesche Budget opzestellen!

Déi ganz Ried ass am pdf nozeliesen: Ried zum Schëfflenger Gemengebudget 2011 (pdf)

Persepktive fir eis Gemengen

Eng Fräi Tribün vum Paul Weimerskirch, Nationalsekretär vun der CSV (Vereenegung vun den CSV Gemengeréit)

Perspektive fir eis Gemengen. Mat Sécherheet keen räissereschen Titel. An dach sinn dëst an Zäite vu Kris, méi schwieregen economeschen Aussiichten, an aneren (oder zumindest verännerter) finanzielle Situatiounen Froen, déi net ze ënnerschätzen sinn. Iwwer d’Gemengekompetenzen an d’kommunal Aufgabe – besonnesch déi fakultativ – no ze denken a dës ze hannerfroën – ass nie e Feeler! Continue reading ‘Persepktive fir eis Gemengen’

Europa traf sich im irischen Athlone

Schifflingen vertrat Luxemburg bei der 19. Auflage des Eurofestivals

Im Wettbewerb der Nationen gewann unsere Gemeinde die bronzene Medaille Das Eurofestival, das erstmals 1992 organisiert wurde, steht im Zeichen des Zusammentreffens europäischer Gemeinden und Städten. Der Gastgeber dieser Ausgabe war das irische Athlone, wo zwischen dem 24. Juli und dem 31. Juli während einer Woche der europäische Gedanke bejubelt und ausgelebt wurde. Continue reading ‘Europa traf sich im irischen Athlone’

Toleranz a Gedold, keen Zeeche vu Schwächt

Toleranz a Gedold sollen net als Zeeche vu Schwächt interpretéiert ginn. Toleranz a Gedold si vill méi een Zeeche vun der Stäerkt. Toleranz a Gedold heescht allerdéngs och net, einfach alles mat sech geschéie loossen, oder einfach alles hinhuelen, ouni ze reagéieren. Toleranz heescht, datt e keng Roserei a keen Haass entwéckelt.

Continue reading ‘Toleranz a Gedold, keen Zeeche vu Schwächt’

D’Chance dofir ze notzen

Ufanks 1999 wor d’Julia Hill, eng jonk Amerikanerin, op e Mammutbam geklomm. Dëst aus Protest, well e ganze Bësch mat 2000 Joeren ale Beem, déi ronn 100 Meter héich woren, ofgeholzt sollte ginn. D’Julia Hill wollt dogéint protestéieren. An hiren Aen ass et net gutt, wann déi, déi Suen hunn ,mat der Nature egal wat maachen, wann aus Profitgier d’Natur einfach zerstéiert gëtt. D’Uelegpecht am Golf vu Mexiko ass dat rezent Beispill. Et wor deemools e siichtbar Zeeche vu Widderstand. E puer Méint méi spéid huet de Staat Kalifornien de Bësch opkaf fir dësen eenzegaartegen Areal ze erhalen. Continue reading ‘D’Chance dofir ze notzen’