Mënschen zesumme bréngen

Aus e puer Ae gekuckt gesäit d’Welt vill méi flott aus, ewéi aus zwee Ae betruecht, seet eng al Liewenswäisheet. De Mënsch ass net gemeet fir eleng ze liewen, hie brauch d’Gebuergenheet vum Mateneen, hie brauch de Matmënsch fir sech weider ze entwéckelen.

Och wann am Zesummeliewen tëschent de Mënschen net ëmmer d’Sonn schéngt, an sech öfters och emol méi däischter Wolleke vu Sträit a Zizanie presentéieren, esou hunn déi meescht dach ëmmer nees e friddlecht Zesummeliewen als Zill virun Aen.

Fir datt d’Zesummeliewen tëschent Mënschen richteg fonctionnéiert, muss jiddereen awer och ëmmer nees bereet sinn zu Toleranz a Versteesdemech. Matenee wuessen, heescht net passiv waarde bis eppes geschitt, mä heescht zesumme schaffe fir déi verschidden Etappen am Liewen ze meeschteren.

Vill kléng Schrëtt sinn hei noutwenneg. E schéine Mosaik ass och den Ensemble vu ville klénge Steng. De Philosoph Teilhard de Chardin huet an dësem Zesummenhang nach een Tëppelchen drop gesat. Eleng d’Léift vereent d’Mënschen, nëmmen aus der Léift wiisst de Mënsch – et ass dëst Grondlag wéi eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt.

Gerechtegkeet realiséieren

De Martin Luther King huet emol gesot: De Problem vun der Mënschheet, ass d’Tatsaach, datt mir ee grousst Haus geierft hunn, wou mir zesumme liewe mussen, Schwaarzer a Wäisser, Judden a Chrëschten, Moslem, Hindue a Katholiken.

Eng Famill, déi un Iddien, Kulturen an Intressien oft – esou schéngt et – zu ënnerenaner getrennt ass. Well mir ni méi vuneneen getrennt liewen kënnen, muss mir ëmmer nees op e Neits probéieren a léieren am Fridden mateneen erauszekommen.

Fir de Martin Luther King sinn all Bewunner op dëser Äerd Noperen. An hei gëllt eng vun de goldege Regelen: Et soll e fir säin Noper dat Gléck sichen, dat ee fir sech selwer wënscht. Et ass e Schrëtt fir méi Zefriddenheet a Gerechtegkeet op dëser Welt ze realiséieren.

Klengkricher a perséinlech Ënnerstellungen si fehl op der Plaz!

Wa Gemengewahle sinn, da gëtt doriwwer entscheet, wien déi nächst Joeren d’Geschécker vun der Gemeng iwwerhuele soll. Et gëtt doriwwer entscheet, wéi d’Liewen an der Gemeng organiséiert soll ginn. Et gëtt decidéiert, wat geschéie soll fir d’Liewensqualitéit an der Gemeng ze verbesseren an ofzesécheren. Kléng a grouss Suergen, déi de Bierger beweegen, stinn deemno am Mëttelpunkt.

An hei zielt ewéi iwwerall am Liewen: nëmmen de Matenee féiert zum Erfolleg. Ob Oppositioun oder Majoritéit, Klengkricher a perséinlech Ënnerstellungen si fehl op der Plaz.

Gefrot si fairen Dialog a konstruktiv Zesummenaarbecht tëschent alle Partner, wann et heescht um lokalen Niveau Liewensconditiounen ze schaffen, wou jonk an al sech verstinn, wou den auslännesche Matbierger als gläichwäertege Partner ugesi gëtt, wo Kanner an Erwuessener zesummeliewen a wou de behënnerte Matmënsch eng Plaz huet.

Brécke schloen, integréieren a zesummenzeféieren si wichteg Bausténg vun eiser Gesellschaft. Nëmmen de Matenee garantéiert den Erfolleg. E Sprachwuert säit: Schaff mat dem aneren esou zesummen, weis Du et och am allerléifste gären hues.

Neues Jahr – Neue Vorsätze

Der Silvesterabend mit seinem Rummel, Geknalle, dem Gläserklingen und Walzertanzen ist vorüber. Dort, wo bereits muntere Menschen das Neue Jahr mit einem schwungvollen Gähnen und Strecken begrüßen, hat sich neben der Katerstimmung der Neujahrsfeiertage, die es da und dort sicherlich geben wird, vielfach dennoch eine erhebende Festtagsstimmung breit gemacht. Continue reading ‘Neues Jahr – Neue Vorsätze’

De schéine Mosaik

Fir datt d’Zesummeliewen tëschent Mënsche richteg fonctionnéiert, muss jiddereen awer och ëmmer nees bereet sinn zu Toleranz a Versteesdemech. Vill kleng Schrëtt sinn hei noutwenneg. E schéine Mosaik ass och den Ensemble vu ville klenge Steng.

De Philosoph Teilhard de Chardin huet nach een Tëppelchen drop gesat. Eleng d’Léift vereent d’Mënschen, nëmmen aus der Léift wiisst de Mënsch – et ass dëst d’Grondlag fir eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt.