Toleranz a Gedold, keen Zeeche vu Schwächt

Toleranz a Gedold sollen net als Zeeche vu Schwächt interpretéiert ginn. Toleranz a Gedold si vill méi een Zeeche vun der Stäerkt. Toleranz a Gedold heescht allerdéngs och net, einfach alles mat sech geschéie loossen, oder einfach alles hinhuelen, ouni ze reagéieren. Toleranz heescht, datt e keng Roserei a keen Haass entwéckelt.

Continue reading ‘Toleranz a Gedold, keen Zeeche vu Schwächt’

D’Chance dofir ze notzen

Ufanks 1999 wor d’Julia Hill, eng jonk Amerikanerin, op e Mammutbam geklomm. Dëst aus Protest, well e ganze Bësch mat 2000 Joeren ale Beem, déi ronn 100 Meter héich woren, ofgeholzt sollte ginn. D’Julia Hill wollt dogéint protestéieren. An hiren Aen ass et net gutt, wann déi, déi Suen hunn ,mat der Nature egal wat maachen, wann aus Profitgier d’Natur einfach zerstéiert gëtt. D’Uelegpecht am Golf vu Mexiko ass dat rezent Beispill. Et wor deemools e siichtbar Zeeche vu Widderstand. E puer Méint méi spéid huet de Staat Kalifornien de Bësch opkaf fir dësen eenzegaartegen Areal ze erhalen. Continue reading ‘D’Chance dofir ze notzen’

Zäit fir sech mat aneren

E schéine gudde Moien. Haut um Sonnden. Den Dag vun Här Gott a vun der Besënnung. Den Dag vun der Familljen a vun der Gemeinschaft. Nach e puer Stonnen an d’Vakanzenzäit ass eriwwer. Ech hoffen, datt et fir Iech eng Zäit vun der Erhuelung a vun der Rou war. Eng Zäit fir richteg auszespannen an Distanzen zu Evenementer opzebauen, déi engem muench Suerge bereet hunn.

D’Vakanz, eng Zäit, wou een am Prinzip Saache maache kann, zu deenen ee soss net komm ass: e Buch liesen, sengem Hobby nokommen, mat der Famill a Frënn zesumme sinn, Sport bedreiwen oder an den Theater ze goen. Et ass also eng wichteg a noutwenneg Zäit fir de Mënsch.

Och de Sonnden ass esou een aarbechtsfräien Dag, wou mer Geleeënheet hunn eis am Familljen- a Frëndeskrees auszespannen, wou mer ofschalte kënnen an eis vun enger aarbechtsräicher Woch erhuele sollen. An dësem Sënn – e schéinen an erhuelsame Sonnden!

Fir deen aneren

Antennen a Satelliteschosselen bréngen eis d’Welt an d’Haus. Op der Televisioun gesi mir an de Noriichten wat vrun e puer Minutten an Indien, Brasilien, der Türkei oder an der Sahara, dem Reebësch oder an der Arktis geschitt ass. Politesch, sportlech a kulturell Evenementer uerschtert d’Welt kënnen mir en direkt erliewen, esou dat mir d’Gefill hun, selwer mattendran op der Plaz ze sinn.

Am Zäitalter vun Internet, de Kommunikatiounsautobunnen an der Globaliséierung vun der Weltwirtschaft entgeet eis näischt: Vill schéi Momenter, awer och d’Nout an d’Elend op dëser Welt. Biller vu Kanner, déi un Ennerernährung stierwen. Biller vu Krich an Terror.

Biller, déi ëmmer nees ob e Neits kloer maachen, dat mir ob dëser Welt nëmmen eng eenzeg wierklech Aufgab hunn: Net am eegene Wuelstand erstécken, mä aktiv un der Léisung vun de grousse Suergen, déi ganz Mënschheet beweegt, deelzehuelen. Net Abseits stoen, mä Responsabilitéit iwwerhuelen.
Sech deemno net virun der Aarbecht drécken, an dat, wat ee fir sech selwer an Usprooch hëlt, och fir deen aneren ze maachen.

Eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt

Aus e puer Ae gekuckt gesäit d’Welt vill méi flott aus, ewéi aus zwee Ae betruecht, seet eng al Liewenswäisheet. De Mënsch as net gemeet fir eleng ze liewen, hie brauch d’Gebuergenheet vum Mateneen, hie brauch de Matmënsch fir sech weider ze entwéckelen.

Och wann am Zesummeliewen tëschent de Mënschen net ëmmer d’Sonn schéngt, an sech öfters och emol méi däischter Wolleke vu Sträit a Zizanie presentéieren, esou hunn déi meescht dach ëmmer nees e friddlecht Zesummeliewen als Zill virun Aen.

Fir datt d’Zesummeliewen tëschent Mënschen richteg fonctionnéiert, muss jiddereen awer och ëmmer nees bereet sinn zu Toleranz a Versteesdemech. Matenee wuessen, heescht net passiv waarde bis eppes geschitt, mä heescht zesumme schaffe fir déi verschidden Etappen am Liewen ze meeschteren.
Vill kléng Schrëtt sinn hei noutwenneg. E schéine Mosaik ass och den Ensemble vu ville klénge Steng.

De Philosoph Teilhard de Chardin huet an dësem Zesummenhang nach een Tëppelchen drop gesat. Eleng d’Léift vereent d’Mënschen, nëmmen aus der Léift wiisst de Mënsch – et ass dëst Grondlag wéi eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt.

E Schrëtt fir d’Gléck

An eisem Liewe sti mir ëmmer nees op ee Neits viru méi kléngen a méi groussen Aufgaben, viru wichtegen a manner wichtegen Aufgaben.

Kanner an der Schoul kennen dat, an och den Erwuessen erlieft all Dag esou Momenter am Beruff, an der Famill oder am Veräin.

Déi eng oder aner vun dësen Aufgaben empfanne mer vläit als eng lästeg Fliicht. An dach solle mer nimools virun dësen Aufgaben fortlafe, well all Aufgaben an eisem Liewen si vu Bedeitung an hunn e spezielle Sënn.
All Aufgab ass ëmmer nees e Schrëtt fir sech selwer an anerer méi glécklech an zefridden ze maachen.

D’Resultat vun Déngen Actioune

Mir brauchen Mënschen op dëser Welt! Mënschen, déi een oppent Wuert riskéieren, wann engem aneren Onrecht geschitt. Mënschen, déi léiwer eppes hierginn a verschenken ewéi nëmmen un d’Akasséieren ze denken.

Mir brauchen Mënschen op dëser Welt, déi eng Hand matupaken, déi Vertrauen vermëttelen an déi matschaffen, dat eis Gesellschaft méi Solidaritéit, Hëllefsbereetschaft an Toleranz kenneléiert.

Mënschen, déi een oppent Häerz hunn an sech fir méi Qualitéit am Zesummeliewen mat aneren staark maachen.
Eng golden Regel seet: Dat wats Du séiss, wäerts du och oprafen, Däin Liewen ass d’Resultat vun Déngen Actiounen.

Op der Sich

E Liewe laang ass de Mënsch op der Sich no Wäermt, Léift a Gléck.Op der Sich no enger Plaz, wou et schéin ass, wou een sech wuel fillt, wou Versteesdemech a Frëndschaft grouss geschriwwe ginn.
De gesonde Mënscheverstand seet eis awer och, datt et am Alldag net méiglech ass, nëmme positiv Momenter ze erliewen. Et gëtt am Liewen ëmmer nees Schicksaler a Problemer, déi eis drécken, mat deene mir musse fäerdeg ginn. An dach wëlle mer vun dëse Suergen am léifsten näischt wëssen. Dat onangenehmt soll an eisem Liewen net virkommen.

Wien allerdéngs d’Aen ëmmer nees verschléisst, deen as och blann vis-à-vis vun de Schéinheete vum Liewen. Wa mir dat eent gären hätten, da musse mer eis noutgedrongen och mat dem anere beschäftegen.
Wien echten Trauer erlieft huet, weess ëm d’Noutwennegkeet vun der Freed. Wien eng Kéier richteg krank war, dee weess ëm d’Wichtegkeet vun der Gesondheet.

Dofir, wa mer haut eppes Schéines erliewen, dann ass et net onwichteg sech ze erënneren, dat et och anescht hätt kënne kommen.