Wat ass eng gudd Politik?

E puer Froën un de Conseiller Paul Weimerskirch

Paul W.: “Nun ass et sécherlech net einfach mat enger kuerzer Äentwert ze definéieren, wat ass eng gutt Politik? Et ginn jo eng ganz Rei Aspekter, déi hei opgezielt kënne ginn. Gutt Politik orientéiert sech um Mensch a kann eppes bewegen. Gutt Politik féiert d’Leit zesummen, baut op Solidaritéit, Toleranz a Versteesdemech! Gutt Politik suergt fir Gerechtegkeet a Wuelstand an huet ëmmer d’Allgemengwuel am Bléck, a net Partikularintressen. Gutt Politik këmmert sech ëm d’Suergen an d’Wënsch vun de Leit. Gutt Politik soll éierlech sinn, fir Transparenz suergen a verlaangt Courage. Gutt Politik heescht Nolauschteren, kukken, analyséieren an agéieren.

Politik muss Spass maachen, et ass dëst eng Viraussetzung fir eng gudd Politik! Wien de Mënsch gäeren huet, wien sech fir déi wierklech Suerge vun de Leit intresséiert mëscht gudd Politik. Bon, ech ginn zou e kléngt e bësse no Floskelen an enger Opzielerei. Ech si jiddenfalls fir eng Politik mat Kloerheet, Gerechtegkeet, Courage, Oppenheet an Toleranz.”

Wat ass faszinéierend un der Politik?

Paul W.: “Politik ass Engagement fir seng Matmënschen a seng Ëmwelt. Dat ass eng spannend Aufgab, déi mech jiddenfalls faszinéiert! Duerch Politik kann ech eppes bewegen, net aleng mä mat aneren zesummen. Duerch Politik kann ech mech an den Déngscht vun de Leit stellen, dat maachen ech gäeren. Ech versichen dobäi mäin Bescht ze ginn.”

E Bléck op Schëffleng! Firwat Gemengerot?

Paul W.: “D’Fro ass, wat kann ech fir d’Gemeinschaft maachen a wou kann ech eppes bewierken. Et geet jo leschtenendes dorëm fir d’Liewes- a Wunnqualitéit vun an an eiser Gemeng ze verbesseren; also zu enger positiver Weiderentwécklung bäizedroen. Et ass dëst eng Responsabilitéit, déi e Conseiller huet, op an der Majoritéit oder an der Oppositioun. Ech ka rouege Gewëssens soen, datt ech an de leschte Joeren munches zur Entwécklung vu Schëffleng bäigedroen hunn, an dat net nëmmen als Conseiller. Meng Engagementer am Schëfflenger Veräinsliewe, meng Erfarungen am Gemengerot, meng Ideeën am Beräich Ëmwelt; Gesondheet, Bildung a Kultur wëll ech am Gemengerot abréngen. Fir eis Gemeng Schëffleng. Dofir wëll ech schaffen, an dowéint kandidéieren ech!”

Wat feelt zu Schëffleng, wat ass wichteg fir d‘Zukunft?

Paul W.: “Bon, ech weess net op d’Fro sech esou stellt! Eng Feststellung allerdings: et ass alles wichteg, wat engem Matbierger als wichteg erschéngt, besonnesch, wann hien onmëttelbar dowunner betraf ass. Et ass jo an de leschte Joere villes fir Schëffleng geschafft a geleescht ginn. Sécherlech, dat eent oder anert, muss vläit anescht ugepackt ginn: Munches muss verbessert ginn oder iwwerhap anescht gemeet ginn. Awer et muss Näischt iwwer Bord geworf ginn. Kurskorrekture jo, awer alles schlecht rieden, dat ass net meng Bilanz. Iwwer all Meenungsënnerschidder a Parteigrenzen ewech hu mir ëmmer nees e Wee op de gemeinsame Nenner hinner fonnt. Dat ass an Zukunft net anescht. …. ”

Wat soll da konkret geschéien?

Paul W.: “Mir brauchen gesond Finanzen. Dann denken ech fir d’Liewesqualitéit ze verbesseren, musse mir eng Rei Problemer an de Grëff kréien. Besonnesch d’Verkéierssituatioun verlaangt no Léisungen, och de Kaméidi laanscht d’Eisebunn an der Collectrice gehéiert zu den Aufgabe fir d’Liewesqualitéit ze hiewen, dat ass eng Aufgab, déi d’Gemeng net aleng meeschtere kann, do ass och déi national Politik gefuerdert. De Problem vun der Loftverschmotzung, e.a. d’Dioxinproblematik bleift ze klären. Wat d’Infrastrukturen ugeet esou geet et drëm d’Planungsaarbechte vu der Ënnerféierung weiderzedreiwen an ze konkretiséiere … et bleiwe allerdings nach Froen a munch Detailler ze klären fir dat dëse Projet, déi Akzeptanz kritt, déi noutwenneg ass. De Bierger muss hei méi staark agebonne ginn. Um kulturelle Plang besteet Eenegkeet, obschonns nach keen offizielle Vote geholl, datt hei Neies ze realiséieren ass. Den Hall Polyvalent entsprëcht a villerlei Hinsicht net méi de Kritäre, weder finanziell, nach energietechnesch an ökologesch. Och a punkto Modernitéit ass dës Hall iwwerlieft!”

Wat ass besonnesch a speziell u Schëffleng? Wat bedeit Schëffleng fir Dech?

Paul W.: “Ech sinn zu Schëffleng gebuer an opgewuess. Schëffleng ass dowéint fir mech ëmmer eppes besonnesches. Mir gefalen d’Leit an hir Mentalitéiten, op elo Stack-Schëfflenger oder Bäigeplënnerter. Schëffleng ass gewuess, an huet trotz allem nach säi Charakter behal, obschonns ech iwwerzeecht sinn, datt mir drun schaffen mussen, datt dat och esou bleiwt! D’Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger ass eng Erausfuerderung. Och de ländleche Charakter mëscht Schëffleng sympathesch, a bei allem wat mir nach bauen oder un Infrastrukturen wëllen, et schéngt mir wichteg hei déi richtegt Mëttmoss ze fannen, datt mir eis Identifikatioun behalen.”

0 Responses to “Wat ass eng gudd Politik?”


  • No Comments

Leave a Reply