Toleranz a Gedold sollen net als Zeeche vu Schwächt interpretéiert ginn. Toleranz a Gedold si vill méi een Zeeche vun der Stäerkt. Toleranz a Gedold heescht allerdéngs och net, einfach alles mat sech geschéie loossen, oder einfach alles hinhuelen, ouni ze reagéieren. Toleranz heescht, datt e keng Roserei a keen Haass entwéckelt.
An dach, muss en sech a muenche Situatiounen net einfach alles gefale loosse wéi gesot. All Situatioun, déi net zefriddestellend ass, soll analyséiert ginn. Vläit si Géigemoossnamen noutwenneg, zielorientéiert Géigemossnahmen, net Reaktiounen aus dem Bauch eraus, oder aus der Roserei.
E Problem, eng Situatioun soll am Detail an a Rou gekuckt ginn. Dat ass déi eigentlech Viraussetzung a schafft meeschtens eng vill méi grouss Chance de Kär vum Problem, vun der Saach ze treffen.
Toleranz a Gedold sinn eben wichteg Schrëtt fir eng besser a méi gerecht Welt.
0 Responses to “Toleranz a Gedold, keen Zeeche vu Schwächt”