De Wee fir Frënn ze gewannen

Fir all Mënsch ass et liewenswichteg, gutt Frënn ze hunn. Leit, déi sech tatsächlech ëm ee këmmeren, an déi Freed a Leed mat engem deelen. Eis Fäegkeet ze laachen ass eenzegaarteg a eng spezifesch mënschlech Charakteristik.

Wa mir laachen, maache mir och anerer frou. An et mécht eis jo och frou, wann anerer engem frëndlechst zoulaachen. Ee granzegen däischteren oder onfrëndlech Bléck well kee kucken. Dat läit net an eiser Natur.

Natierlech kënnen sech och Ligen a Falschheet hannert esou engem Grinse verstoppen. Nëmme richteg an onverstallt Laachen dréckt Frënnschaft a Freed aus. Frëndschaft an Harmonie ze liewen, dat entsprécht der mënschlecher Natur. Wa mir dat behäerzegen, da gëtt eist Liewen an dat vun eise Matmënsche méi glécklech a sënnvoll.

Et ass de Wee fir Frënn ze gewannen a Leit kennenzeléiren, op déi een sech verloosse kann.

0 Responses to “De Wee fir Frënn ze gewannen”


  • No Comments

Leave a Reply