D’Chance dofir ze notzen

Ufanks 1999 wor d’Julia Hill, eng jonk Amerikanerin, op e Mammutbam geklomm. Dëst aus Protest, well e ganze Bësch mat 2000 Joeren ale Beem, déi ronn 100 Meter héich woren, ofgeholzt sollte ginn. D’Julia Hill wollt dogéint protestéieren. An hiren Aen ass et net gutt, wann déi, déi Suen hunn ,mat der Nature egal wat maachen, wann aus Profitgier d’Natur einfach zerstéiert gëtt. D’Uelegpecht am Golf vu Mexiko ass dat rezent Beispill. Et wor deemools e siichtbar Zeeche vu Widderstand. E puer Méint méi spéid huet de Staat Kalifornien de Bësch opkaf fir dësen eenzegaartegen Areal ze erhalen.

Natierlech kann een net einfach op e Bam klammen, wann engem eppes géint de Stréch geet. Ob der anerer Säit ass et wichteg grad an enger Welt, wou sech dach allzeoft de Staarken duerchzesetze wees, een Zeeche vu Protest ze setzen.
De Schrëftsteller Léo Tolstoi sot, datt mir Mënschen op dëser Welr eng eenzeg Aufgab hunn, nämlech déi fir mateneen a, Fridden ze liewen. Dat heescht eng Welkt, wou een op den anere lauschtert, een vun dem anere léiert, onofhängege vu senger Positioun, Ausbildung oder Hierkunft.

Eng Dramwelt ? Net onbedéngt, well jidder Eenzele ka jo selwer ufänken : Nolauschteren, Gedold opbréngen, Versteesdemech weisen, och wann een ënnerschiddlecher Meenung ass. Dat ass oft schwéier. Op de Baam klammen ass vläit méi einfach. Oder, awer net? Jiddefalls soll kee verpassen d’Chance dofir ze notzen.

0 Responses to “D’Chance dofir ze notzen”


  • No Comments

Leave a Reply