E Liewe laang ass de Mënsch op der Sich no Wäermt, Léift a Gléck.Op der Sich no enger Plaz, wou et schéin ass, wou een sech wuel fillt, wou Versteesdemech a Frëndschaft grouss geschriwwe ginn.
De gesonde Mënscheverstand seet eis awer och, datt et am Alldag net méiglech ass, nëmme positiv Momenter ze erliewen. Et gëtt am Liewen ëmmer nees Schicksaler a Problemer, déi eis drécken, mat deene mir musse fäerdeg ginn. An dach wëlle mer vun dëse Suergen am léifsten näischt wëssen. Dat onangenehmt soll an eisem Liewen net virkommen.
Wien allerdéngs d’Aen ëmmer nees verschléisst, deen as och blann vis-à-vis vun de Schéinheete vum Liewen. Wa mir dat eent gären hätten, da musse mer eis noutgedrongen och mat dem anere beschäftegen.
Wien echten Trauer erlieft huet, weess ëm d’Noutwennegkeet vun der Freed. Wien eng Kéier richteg krank war, dee weess ëm d’Wichtegkeet vun der Gesondheet.
Dofir, wa mer haut eppes Schéines erliewen, dann ass et net onwichteg sech ze erënneren, dat et och anescht hätt kënne kommen.
0 Responses to “Op der Sich”