E puer Gedanken zu enger neier Technologie, déi am Opschwonk ass.
Maache mir eis näischt vir. All nei Technologie suergt emmer fir Opreegung. All nei Technologie brengt positives a negatives. Al nei Technologie gëtt euphoresch opgeholl oder verdäiwelt. All nei Technologie gëtt als Technologie vun der Zukunft verkaft an ugesinn. All nei Technologie muss op hir Chancen an hir Risiken hinner iwwerpréift ginn. Dat wor bei der Biotechnologie esou, an dat ass bei der Nanotechnologie nët anescht. Expertendiskussiounen a Wëssenschaftszeidungen, Reportagen an de Medien an Informatioune op Internet weisen dat.
Ewéi d’Biotechnologei esou brauch och d’Nanotechnologie hir Chance. Ewéi d’Biotechnologie esou musse natierlech och bei der Nanotechnologie d’Risiken net ënnerschätzt ginn. D’Méigelchkeete vun der Nanotechnolgie am Konsumberäich sinn laut Experen a Wëssenschaftler villverspriechend, fir net ze soën enorm : ultraliicht Materialien, leeschtungsfäheg Batterien, Produkter mat enger méi laanger Haltbarkeet. Villes ass schons um Moart, aner Produkter si nach an der Entwécklung. Et schengt een enormt Potential an de sougenannte Nanoproduitë ze leeien, dommatter wiist natierlech d’Hoffnung op eppes Neies, dommatter wuesse natierlech och d’Suergen an d’Bedenken iwwer den Asaz vu Nanoprodukter. A Froën iwwer Risiken a Chance si natierlech méi ewéi berechtegt.
An hei ass et ewéi bei all Neies : d’Wëssenschaftler sinn sech net eens op de Risikofaktor méi héich ass ewéi déi nei Chancen a Méiglechkeeten, déi sech erginn. Eent ass awer net ewech ze rieden : Nanopartikel, an déi enstinn nun emol beim Asaz vun dëser Technik stinn am Verdacht d’Gesondheet vu Mësnch an Déier ze gefärden. Dat solle mir kengeswees ënnerschätzen. Awer Hand op d’Häerz, wa mir eis alle Neierungen an der Technik, an der Chemie an der Biotechnologie ëmmer nees widdersaat hätten, wou wieren mir dann haut drunner. Virsicht jo, net alles direkt als richteg a gutt emfannen. Awer d’Chancen op besser Produitë net direkt an de Wand schloën.
Iwwregens – och dat gëtt an der Literatur a Wëssenschaftsblieder geschriwwen: Et ass sech nach nie esou fréi mat de Risike vun enger neier Technologie ausernannergesat ginn ewéi mat der Natotechnologie. Dat ass eng grouss Chance, déi mir net verspille sollen.
Well, op der anerer Säit beschreiwt eng Rei vun Dokumenter a Publikatiounen, déi ech gelies hunn, datt duerch Nanotechnologie Produitën hirgestallt kënne ginn, déi ëmweltschéidlech Produkter – also gëfteg Chemikalien – ersetzen kënnen. Beispillsweis fir d’Bränn ze verhënneren kommen oft broméiert Flammeschutzmëttelen an den Asaz. Sie entzéien bei engem staarke Brand de Sauerstoff! Dës Mëttele sinn noweislech gesondheetsschiedlech, toxikoloesch gesinn also méi ewéi ëmstritten. Als Alternativ weisen sech ëmmer méi synthetesch Nanopartikels. Am Holzbau kommen e.a. Silica-Nanopartikel zum Asaz. Si bilden bei staarken Hëtzentwécklung eng keramikänlech Schicht, déi hirersäits d’Sauerstoffzoufuer verhënnert, an domatter d’Brandgefor erofseetz. Des Weidere kommen dës Silica-Nanomaterialien bei Fassaden, déi isoléiert ginn zu Asaz. Och hei bilden sie zu gesondheetsschiedleche Materialien neierdéngs eng Alternativ.
Op dëse Produkter si besonnesch an der Schwäiz fundéiert Risikoaschätzungen gemeet ginn. D’Bundesamt fir Gesondheet an der Schwäiz schreiwt, datt et keng eendeiteg Risikobewertungen ginn. Hei heescht et, datt eng méiglech Toxitéit vun der chemescher Zesummesetzung, der Gréisst an der Uewerflächebeschaffung ofhänkt. Dat ass bei alle Materialien – och ausserhalb vun der Nanotechnologie – déi synthetesch hirgestallt ginn ëmmer nees de Fall. An hei ass iwwer Joëren regulariséiert ginn, noutfalls verbueden ginn! Dat selwescht Prinzip, déi selwescht Iwwerlungen ass oder si fir Produits aus nanotechnologescher Hirstellung noutwennneg! Mir brauchen Regele fir z.B. gesondheetsgefärdend Materialien aus dem Verkéier ze zéien. Wat de Silica ugeet, vun deem ech virdru geschwaat hunn, esou leie laut schwäizer Bundesamt ausräichend Erfahrungen a Risikoanalyse vir fir eng spezifesch Gesondheetsgefärdung vum Konsument auszeschléissen.
Een anert Beispill sinn d’Tester an d’Erfahrungen, déi d’Bundesinstitut fir kosmetesch Mëttel vu Berlin am Zesummenhank mat Sonneschutzmëttel gemeet huet. Hei komme Nanopartikel aus Titanoxid an Zinkoxid, déi als UV-Filter dengen zum Asaz. An hierem Rapport gëtt festgehal, datt derartge Sonnecrèmes keng gesondheetlech Risiko fir de Verbraucher duerstellen.
Ech wëll elo hei kengesfalls d’Meenung opkomme loose, datt ech mat alle Mëttelen eng total Verbreedung vu Nanopartikel stinn. Nee och mir sinn eng Rei vu Risikoproblemer op Gronn vun deem wat ech gelies hunn – an och wat den Här Huss gesot huet – bekannt. Ech wëll jhust weisen, datt villes an der Entwécklung ass, datt d’Nanotechnologie vill positiv Perspektiv huet, an datt munches wat ëmmer nees ze liesen ass an d’Welt vun den Utopiën gehéiert, wuelwëssend allerdings, datt ech och wees, datt mir eist blaant Eraklammen an dës Nei Technologie net leeschte kënnen oder sollen. Ewéi ëmmer sinn d’Risikoforschung an d’Entwécklung um Moart zwee puer Schung, wou déi eng Lafschong an dat anert Schlappe sinn. Forschung trëppelt ëmmer e puer (oder méi) Meteren hannendrun, dofir muss sech Gedanke gemeet ginn iwwer effizient an zouverlässeg Zoulossungs- a Regsitermodussen. Och iwwer Risikokennzeechnung muss nogeduecht ginn. Nach emol do vu Nano dran ass, muss net direkt eppes geféierleches oder toxesches dra sinn.
Et gëllt ze ennerscheeden tëschent sensible, onkritesch, geféierlechen an risikobehafte Beräicher ze ennerscheeden. Nanotechnologesch Materialien an der Energiewelt, wou ,mat leeschtungsintensive Nanomembranen héichwäerteg Batterien a Brennstoffzellen fir d’Emwandlung a d’Späicherung vun Energie hirgestallt ginn – hunn eendeiteg een anere Stellewäert ewéi Nanopartikels, déi a Crème oder Liewesmëttel eng Roll spillen. Emmer nees ass an der Fachliteratur ze liesen, datt eng ofschléissend Beurdeelung vun de Risiken duerch Nanopartikels – an doranner sinn sech d’Experen eens. Op Gronn vun den aktuellen ëmmer nach groussen Wëssensdefiziter eng kloer Ausso net méiglkech ass. D’Nouwendegkeete fir Fuerschungsaarbecht sinn grouss. Net fir näischt huet dat däitsch Umweltbundesamt, di folgend Empfeelung ausgeschwaat: “Das Umweltbundesamt empfiehlt weiterhin, die Verwendung von Produkten, die Nanomaterialien enthalten oder frei setzen können, im Sinne eines vorsorgenden Umweltschutzes so lange zu vermeiden, als ihre Wirkungen in der Umwelt und auf die menschliche Gesundheit noch weitgehend unbekannt sind.”
Dës Empfehlung ass allerdéngs – och doriwwe solle mir esi am kloere sinn – kengeswees mat enger abslouter Beuerdeelung vu nanotechnologeschem Geforepotentials ze verwiesselen Dëse Statement ass eigentlech och ee Hiweis op Onwessenheet.
Den aktuelle Stand vun der Fuerschung erlabt – an ech well mech wiederhhueleb de Moment keng zouverlàsseg Ausso iwwer méiglech negativ Effekter zu. Op der anerer Säiz gëtt et an der Teschenzäit iwwer honnerte vun Produkte a Uwednugen, wou Nanopartikel zum Asaz kommen. Vum Ketchup, dat duerch Nanopartikel eng besser Fließeegenschaft kritt, iwwer antibakterielle Beschichtungen von Kiichegeschirr bis hinner zu de Strëmp, déi duerch Nano-Silber antibakteriell an domatter géinet de Schweesgeroch wirke sollen.
D’Nanotechnologie ass eng Schlësseltechnologie fir dëst Joerhinnert. Si ass am Asaz fir d’Medizin – fir d’Diagnostik an d’Therapie. Si gëtt benotzt an der Emwelt fir Ofwasser ze behandelen a fir Emweltiwwerwachung. Besonnesch am Energiesektor gett sech eng positiv Auswirkung erwaard, dat selwescht gëllt fir den Asaz vu Verbesserungen an der Automobilbranche an am Bauwiesen.
Et ass eng Technologie, déi sech am Opschwonk befënnt. Awer all Chancen a besonnesch och all Risiken si nach net erkannt. Dossier à suivre.
0 Responses to “Nanotechnologie – Risiken a Chancen”