Klengkricher a perséinlech Ënnerstellungen si fehl op der Plaz!

Wa Gemengewahle sinn, da gëtt doriwwer entscheet, wien déi nächst Joeren d’Geschécker vun der Gemeng iwwerhuele soll. Et gëtt doriwwer entscheet, wéi d’Liewen an der Gemeng organiséiert soll ginn. Et gëtt decidéiert, wat geschéie soll fir d’Liewensqualitéit an der Gemeng ze verbesseren an ofzesécheren. Kléng a grouss Suergen, déi de Bierger beweegen, stinn deemno am Mëttelpunkt.

An hei zielt ewéi iwwerall am Liewen: nëmmen de Matenee féiert zum Erfolleg. Ob Oppositioun oder Majoritéit, Klengkricher a perséinlech Ënnerstellungen si fehl op der Plaz.

Gefrot si fairen Dialog a konstruktiv Zesummenaarbecht tëschent alle Partner, wann et heescht um lokalen Niveau Liewensconditiounen ze schaffen, wou jonk an al sech verstinn, wou den auslännesche Matbierger als gläichwäertege Partner ugesi gëtt, wo Kanner an Erwuessener zesummeliewen a wou de behënnerte Matmënsch eng Plaz huet.

Brécke schloen, integréieren a zesummenzeféieren si wichteg Bausténg vun eiser Gesellschaft. Nëmmen de Matenee garantéiert den Erfolleg. E Sprachwuert säit: Schaff mat dem aneren esou zesummen, weis Du et och am allerléifste gären hues.

0 Responses to “Klengkricher a perséinlech Ënnerstellungen si fehl op der Plaz!”


  • No Comments

Leave a Reply