Eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt

Aus e puer Ae gekuckt gesäit d’Welt vill méi flott aus, ewéi aus zwee Ae betruecht, seet eng al Liewenswäisheet. De Mënsch as net gemeet fir eleng ze liewen, hie brauch d’Gebuergenheet vum Mateneen, hie brauch de Matmënsch fir sech weider ze entwéckelen.

Och wann am Zesummeliewen tëschent de Mënschen net ëmmer d’Sonn schéngt, an sech öfters och emol méi däischter Wolleke vu Sträit a Zizanie presentéieren, esou hunn déi meescht dach ëmmer nees e friddlecht Zesummeliewen als Zill virun Aen.

Fir datt d’Zesummeliewen tëschent Mënschen richteg fonctionnéiert, muss jiddereen awer och ëmmer nees bereet sinn zu Toleranz a Versteesdemech. Matenee wuessen, heescht net passiv waarde bis eppes geschitt, mä heescht zesumme schaffe fir déi verschidden Etappen am Liewen ze meeschteren.
Vill kléng Schrëtt sinn hei noutwenneg. E schéine Mosaik ass och den Ensemble vu ville klénge Steng.

De Philosoph Teilhard de Chardin huet an dësem Zesummenhang nach een Tëppelchen drop gesat. Eleng d’Léift vereent d’Mënschen, nëmmen aus der Léift wiisst de Mënsch – et ass dëst Grondlag wéi eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt.

0 Response to “Eng méi friddlech, solidaresch a gerecht Welt”


  • No Comments

Leave a Reply