Haut befanne mir iwwer dat wichtegst Dokument vum Joer: de Budget vun der Gemeng fir d’Joer 2010. Haut gëtt festgeluecht wéi eis Gemeng finanztechnesch opgestallt an ofgeséchert ass, wéi mir fonktionéiere kënnen, wat un d’Rulle bruecht soll ginn, wat wéi gebaut oder renovéiert soll oder ka ginn, … je quasi eist gesamt Gemengeliewen, eist Striewen no méi Liewes- a Wunnqualitéit steet haut um ordre du jour. Et ass dëst net fir d’éischt, wou mir dat zesumme maachen. Meng Félicitatioun natierlech un all déi, déi dem Schäfferot bei der Opstellung vun dësem Dossier zur Säit stoungen.
Allgemeng Iwwerleeung
An dach ass et anescht ewéi soss, well par rapport zu fréiere Joere maache mir dat an engem total verännerten Ëmfeld, mat schwiereg festzeleeënde Parameteren, och d’Experte streiden sech iwwer Wuesstem, Entwécklung vum Chômage an dem Wee oder Netwee an oder aus der Rezessioun. Mir liewen an enger Zäit, wou déi international Finanzwelt an d’Economie eng Kris ze verdauen hunn, déi hiresgläiche sicht.
Och de Budgetsrapporteur an der Chamber, de Lucien Thiel huet dës Situatioun beschriwwen a gemengt, datt eis Land – finanziell an economesch betruecht – op der Schwell steet, e Joer vum Wandel, wou mir vun de fette Joeren mat iwwerduerschnëttlech héichem Wuesstem a méi bescheide Méiglechkeete era réckelen. No der Kris ass näischt méi esou ewéi virun der Kris. Och wann d’Kris nach net an de Käpp vu de leit ass, esou musse mir wëssen, datt an de nächste Méint nach munch Iwwerraschung a Repercussioune op eis waarden. A well dat esou ass – ech kommen nach e puer mol drop zréck- muss eise Budget vun haut, nach méi ewéi soss der reeeller Situatioun vun haut a vu muer ugepasst sinn. Mir brauchen haut ganz geziilt Ofsécherungen an hunn nei Responsabilitéite fir muer an iwwermuer ze huelen, fir eis Kanner an eis Kanneskanner. Esou ewéi de Budget sech haut präsentéiert, däerf awer net emol dat Geréngst geschéien, soss komme mir an d’Bredouillen, an d’Labrennten. An da kréie mir Problemer mat Konsequenzen, déi net ofzeschätze sinn.
De Budget eppes Visionäres?
Och wa gesot gëtt, de Budget 2010 ass wéi all déi aner par rapport zu de Konten (an dësem Fall par rapport zu de comptes 2008, wou d’Finanzsituatioun mat definéierten a kloerem Zuelematerial verdäitlecht gëtt) eppes Visionäres, esou mengen ech, datt vrun allem an enger Zäit vun Onsécherheet a Kris, mir mat dëser Approche de Budget net ugoen an definéiere kënnen. Hei huet sech de Schäfferot ouni Zweiwel beméit deem Rechnung ze droen, och d’Prämissë vum Inneministère, déi an der Circulaire beschriwwe sinn, gi wäitgehend respektéiert. An dach weess ech net op de Spillraum voll ausgenotzt ass. An ob net nach aner Iwwerleeungen a Moossnamen noutwenneg wieren!!
Et ass eigentlech schued, datt mir schonn nees net virum Budget eng Diskussioun iwwer d’Konten (an dësem Fall déi vun 2008) féiere kënnen, well d’Oberbehörd dës jo nach net kontrolléiert an ofgehol huet. Well et si jo d’Konten, déi eng däitlech Sprooch iwwer d’Finanzsituatioun vun der Gemeng schwätzen. A well d’Konten een direkten Afloss op de Budget hunn, dofir trotz allem, ufanks e kuerze Bléck op d’Konte vun 2008 an op de Budget rectifié vun 2009:
Op den éischte Bléck kann e soen, eis 2008er Konte sinn ok, et ass net onbedéngt eng strapazéiert Finanzsituatioun, déi sech presentéiert, d’Dépenses ordinaires par rapport zu compte 2007 si mat enger klenger Nuance no ënnen op dem selwechte Stand, an d’Recette klamme liicht, a mat engem Boni propre vu 4,6 Mio ergëtt sech um Enn een definitive Boni vun 2,45 Mio Euro, deen sech dann am Budget rectifié 2009 néierschléit, do awer nach just e Boni definitiv vu knappen 145 324,57 Euro zouléisst, obschonns do en Emprunts vun 3 Mio Euro engagéiert ass fir de Budget am Gläichgewiicht ze halen.
Ech wëll dofir och dat relativéiere, wat de Buergermeeschter mat enger gewësser Euphorie analyséiert huet, concernant den Iwwerschoss vu 4,6 Mio Euro am ordinäre Service fir d’Konten 2008. Mir haten hei d’Chance iwwer 1,8 Mio Euro méi bei de Recetten anzeschreiwen! Well et mat 1,8 Mio Euro méi Sue gi sinn duerch Gewerbesteier a Fonds de dotation ewéi erwaart, well mir schonns aus de Konten 2007 gutt 1,1 Milliounen iwwerschreiwe kënnen, a well eng Rei ordinär awer och extraordinär Depensen net verbraucht gi sinn, aus wellechen Ursaachen och ëmmer. Dat ass de Punkt: wa vum Staat Suen an eis Keess kommen, da geet et der Gemeng och gutt. Awer dat bleift net esou. An dofir musse mir eis op dës Situatioun astellen. Ech kommen drop zréck!!
Gewerbesteier an .. aner Ofhängegkeet vum Staat!
De Buergermeeschter huet dowunner geschwat, datt d’Réckgrat vun den uerdentlech Recette d’Gewerbesteier an d’Staatssteieren, also d’Suen aus dem Fonds de dotation de l’état ausmaachen, ëmmerhin tëschent 70 bis 75% mat enger Tendenz no uewen, no ënnen – kee wees et! Fir de Moment ass d’Tendenz positiv, gutt fir eis Gemeng, gutt fir eis Investitiounen. Ob et esou bleift steet an de Stäeren. Jiddefalls zeechent sech eng Entwécklung no ënnen of! Net dramatesch, awer ëmmerhin. Den Impakt vu de Staatssteieren a der Ofhängegkeet vu staatlech Suen ass och am extraordinäre Beräich net ze ënnerschätzen, hei gëllt et déi Subsidien ze kréien, fir déi Projeten, wou mir Virfinanzéierunge garantéiere musse! (Ech wëll mir net virstellen, wat ass wa mir laang mussen op d’Gelder waarden, déi mir am Zesummenhang vun Ulezechtrenaturéierung oder beim Neibau vun der Maison des Generations virstrecken, an déi jo zu bal 100% vum Staat réckfinanzéiert ginn.) Eng weider Tatsaach, déi net ze ënnerschätzen ass. Awer zréck zum Budget an der Analys.
Am Rectifié klammen d’Depensen nees staark vun 20,53 op 22,21 (ëm 11%) an d’Recette fale vu 25,17 op 24,64 (knapp 10,22%). De Boni propre fällt op 2,43 Mio Euro erof an eise Boni definitiv steet nach bei ronn 145 000 Euro.
Aus dem Zueleverglach vun de Konte mat dem rectifié 2009 an dem Budget 2010 confirméiert sech d’Tatsaach, datt eis Capacité financière däitlech ofhëlt. De Boni propre zu den Dépenses extraordinaires loung an de Konten 2001 bei 63%, ass 2002/2003/2004 bei ronn 35% op gudden Niveau nach gewiescht, fir dann 2005 op 13% erofzefalen, sech dunn nees erhëlt a bei ronn 30% an de Konten 2006 a sech dunn iwwer 2007 bei ronn 25% anzependelen, fir am Joer 2008 an de Konte bal 43 % auszeweisen. Eng Ausnamesituatioun? Jo et wor een aussergewéinlech gutt Joer, steierlech gesinn! An elo si mir am Budget rectifié 2009 bei 21% unzekommen, fir am neie Budget nach just bei knapp 15% ze leien. D’Tendenz, di sech erauskristalliséiert ass däitlech: Eis Capacité financière weist oder geet no ënnen. An dat ass net gutt, wa mir wëssen, wat alles nach ze realiséieren ass, net ze schwätze vun der neier Entrée eran a Schëffleng. An dann all di nei a nach net confirméiert, mä ugeduechte Projeten, déi elo zum Deel am Budget schonns eng Reperkussioun hunn ewéi d’Renovatioun oder den ugeduechten Neibau vun der Lokalitéit fir de Pétaboules, d’Investitounsiwwerleeungen am Zesummenhang mat der Maison Relais, eventuell enger neier Infratsruktur, an dann hu mir jo nach e puer Stroosseninfrastrukturen op der Léi. An da musse mir eis virun Aen halen, datt d’Maison des Générations een décke Batz Geld kascht. Ok hei gëtt de Financement zu bal 100% vum Staat garantéiert iwwer Pacte Logement an Subsidien, awer mir maache jo d’Virfinanzéierung. Ech stelle mir wierklech d’Fro, wéi mir dat alles bezuele sollen. De Spillraum ass verengt.
E puer Wuert zu de Boni definitiv, also déi d’Zommen, di aus de Compten respektiv aus dem rectifié eraus an de nächste Budget iwwerdroen a matageschriwwen. 2005 wor dësen Iwwerschoss nach bal 1,51 Milliounen / 2006 just 1,23 / 2007 an de Konten nach knapp 1,15 Milliounen Euro, glécklecherweis an de Konten 2008 emmerhion 2,44 Mio fir dann am Budget rectifié 209 nach just 145 324,57 Euro ze leien an am Budget 2010 ass de Boni mat 280 372 ausgewisen. De Boni definitiv hëlt eigentlech vu Joer zu Joer of! OK, d’Gemeng ass net do fir einfach déck Gewënner vun engem op dat anert Joer ze iwwerdroen, awer et ass e weidere Beweis fir eng strapazéiert Finanzsituatioun.
Dat selwecht gëllt fir d’Relatioun Recettes ordinaire zu Dépenses ordinaire. Hei gëtt d’Schéier ëmmer méi enk, och wa se mol eppes méi – ewéi an de Konten 2008 – ausenaner geet. An dat alles zesummen – manner Iwwerschëss am ordinäre Sektor a manner Bonis definitiv, di reportéiert kënne ginn, huet Konsequenzen, déi sech dréinen, an zwar dohingehend, datt eis Boni général natierlech och méi kleng ginn, an et ass jo genee dat Geld, zesumme mat extraordinäre Recetten, wat mir brauche fir eis grouss Projeten ze finanzéieren, fir déi Investitiounen ze maachen, déi noutwenneg sinn fir d’Liewensqualitéit an d’Wunnqualitéit ze stäerken oder ze verbesseren.
Den Investitiounsvolumen ass méi kleng ginn!
An de Konten 2005/200/2007 huet de Boni général – Iwwerschoss aus dem ordinären an Boni reporté – sech ëm ronn 4,7 Milliounen Euro orientéiert, 2008 sinn esouguer gutt 5,7 Mio Euro ausgerechent ginn. Dat ass och zwar nët méi Fall fir de rectifié vun 2009, wou ëmmerhin nach 4,8 Milliounen ageschriwwe ginn. Elo si mir am Budget 2010 mat 1,56 Millioune Boni général bei engem Drëttel dovunner. E weidert Zeechen, dat eis Finanzkapazitéit sech iwwert d’Joere reduzéiert. Ech soen dat mat Nodrock, well kee weess ewéi et sech an der Zukunft mat de staatleche Subventiounen a Steieren entwéckelt!
Eisen Investitiounsvolumen, sou ze soen aus dem ordinäre Beräich erausgerechent, an dëst huet een indirekten Afloss op d’Dépenses extraordinaires, ass drastesch reduzéiert ginn. Laut compte de gestion vun 2007 hu mir 13,23 Milliounen Euro an den Dépenses extraordinaires verschafft, 2008 ëmmerhin nach 10,822,2 – fir dann elo am Budget rectifié 2009 op gutt 11,8 Milliounen Euro ze klammen an am Budget 2010 op 9,13 Milliounen Euro ze falen, een Déifpunkt säit Joeren. Mir investéieren ënner 10 Mio! Éischtmools. Ass eigentlech nach vill, an awer par rapport zu Compte 2007 e gudden Drëttel manner. Dat ass net dramatesch, weist allerdéngs op eis aktuell manner gutt Finanzsituatioun hin!!
Elo kënnt nach dobäi, datt am Budget rectifié 2009 aus dem «Fonds de réserve» 435 000 Milliounen Euro erausgeholl an ageschriwwe gi sinn. Dat erkläert ewéi de Buergermeeschter et selwer gesot huet, datt sech de rectifié net schlecht presentéiert. Wier dat net geschitt, da muss e wëssen, hätt de rectifié net mat engem Boni, wann och klenge, vun 145 324Euro ofgeschloss, mä mat engem Mali vu 280 000 Euro.
An de Fonds de réserve ass duerch dësen hannerfrobare Manöver schéin eidel ginn. Laut engem Rapport, deen am Budgetsdokument ze fannen ass, gi mir informéiert, datt nach just 10 000 Euros am Fonds de réserve leien. Datt ass jiddefalls just e klengen Apel fir den Duuscht. Ech weess net op dat gutt ass. Et ass jiddefalls net gutt par rapport zu de Liquiditéite vun eiser Gemeng. Et ass och net gutt, wann di ekonomesch Situatioun, déi ass, déi sech de Moment ofzeechent. Bon, mir engagéieren eis mat dem Budget elo déi 435 000 nees an de Fonds de réserve zréck ze schécken. Ëmmerhin!
Ech bleiwen dobäi, och wann ech mech widderhuelen! Par rapport zu fréiere Budgetsdiskussiounen besteet e groussen Defi fir eis all. Mir mussen d’Steigerungsraten vun den Depensen am A behalen, besonnesch wa sech ofzeechent, datt op der Säit vun de Recetten – an dat schéngt fir di nächst Joeren de Fall ze sinn – manner Geld ze erwaarden ass!! Dofir sinn sech e puer Froen ze stellen, wa mir dann iwwer de Budget fir 2010 schwätzen. An do mat neie Parameter. Eng liicht Hausse vun den Depensen, an eng liicht Baisse vun de Recetten!
A propos Recetten. Mir hu jo een Boni définitv vu knapp 280 000 Euro! Ech well ganz einfach ob eng weider Tatsaach hiweisen, datt ass déi vun de Waassertaxen. Mir hunn dës Taxen ugepasst entspriechend den Direktiven. Mir sinn elo absolut käschtendeckend, awer absolut käschtendeckend. Iwwer den Daum gerechent kréie mir bal 850 000 Méi Recetten eran, mussen ongeféier 100 000 Euro méi bezuelen, ass ëmmer nach e Netto vu gudde 750 000 Euro. Hei stellt sech d’Fro firwat net ee Su an de Fonds de réserve! Ok mir investéieren dëst Geld am extraordinären, Stëchwuert Réckhaltebecken an der Hedingerstrooss, mir mussen awer wëssen, datt wann op der Kläranlag nei Investissementer ze maache sinn; net de Staat, awer d’Gemenge gefuerdert sinn. Iwwregens ouni d’Taxenerhéichung mat engem Netto vu 750 000, wat fir eise Boni, ouni dat, e Minus / e Mali vu 470 000 Euro. Just zum Nodenken!
Mir bleiwen also gefuerdert.
An et stellen sech eng Rei weider Froen!
- Musse mir di lafend Käschten net nach méi staark iwwerpréifen an gegebenfalls no ënne korrigéieren. Nach emol, d’Grondausriichtung am Budget stëmmt, an dach stellen ech mir d’Fro ob grad an dësem Budget an doriwwer eraus, di richteg Prioritéiten definéiert a gesat gi sinn. Net alles wat Wënschenswäert ass, ka realiséiert ginn, an dowéinst wier et net schlecht gewiescht, wa mir zesummen als Conseil communal eng Lëscht opgestallt hätten an doraus eng Prioritéitelëscht fixéiert hätten. Am Sënn vu méi Transparenz a vu méi Matsproocherecht. (Awer wann eng Majoritéit absolut ass, da ka se jo och absolut alleng decidéiere, wat Prioritéit huet a wat net!)
- Ginn et Konsumausgaben, di nach kënne reduzéiert ginn?
- Wéi steet et mat de Gemengefester, wou jo oft iwwer d’Veräiner eraus eisen technesche Service am Asaz sinn! Solle mir eis do ewéi beim Subsidiereglement net eng iewescht Grenz setzen, oder grad hei dem zero base budgeting suivéieren.
- Wéi ass et um Niveau vu de Personalkäschten, besonnesch mat dem Bléck op den Enseignement, och wann et hei duerch d’Reform vun der Grondschoul Verännerunge gëtt, esou bleift eis Gemeng gefuerdert! Et ass kee Feeler ze anlyséieren, wat hei besser oder anescht ka lafen! Et ass eng Erausfuerderung! Kukke mir den Tableau betreffend d’Remuneratiounen am Beräich Travaux d’Entretien (Säit 123/143). Ech hunn den Androck, datt dës Depensen eis fortlafen, an eng Brems net schlecht wier. Gesamtzomm an de Konten 2008 beleeft sech op 4,14 Mio, dann am rectifié si mir bei 4,5 Mio fir dann am Budget bal iwwer 4,66 Mio ze landen. Iwwer een Drëttel ass engagéiert fir rémunérations femmes de charges. Ech wëll elo net hei falsch verstan ginn a kengem d’Brout huelen. Ech mengen et ass awer derwäert zumindest emol dës Zuelen ze hannerfroen!
- Wéi ass et mat Energieonkäschten a wou ass do Spuerpotential? Si mir um richtege Wee? Op ville Plaze jo! Op aneren net. Ech ginn dovunner aus, datt d’Energiewoch an der Administratioun zu neien Erkenntnisser gefouert huet, fir dës oder déi kleng Ännerung ze maachen. Ännerungen – an oft kleng Schrëtt a Geste fir Energie oder Elektresch ze spueren, Stéchwuert LED-Luuchten! Ech kéint mir och virstellen, d’Veräiner, déi vu Gemengenterrainen oder Salles publiques profitéieren, mat an dëse Prozess anzebannen. Hei denken ech ass Spuerpotential dran, besonnesch bei de groussen Terrainen, awer och op der Skatingpist, wou während e puer Deeg d’Spoten an d’Scheinwefer owes ugeschalt woren, obschons et gereent huet, an zwar esou, datt iwwerhaapt kee fuere komm ass! Wa si da mathëllefen Energie oder Elektresch ze spueren, kréien se Bonuspunkte fir de Subsid oder sou! Eng Idee ouni fäerdegen Text a Reglement.
- Stëmmen eis Servicer, déi mir op sozialem Plang offréieren, déi mir fir d’Veräiner a fir d’Gesellschaft allgemeng wëllen assuréieren? Ok de Buergermeeschter sot, datt et e politesche Choix ass dee mir treffen, op der anerer Säit ass och der Buergermeeschter sech bewosst, datt et iwwerall Grenze ginn.
Beispill Ruff (S-) Bus: kascht laut Compten 2008 ëmmerhi gutt 240 000 Euro / am Budget 2010 stinn 210 000 Euro, dat ass vill Geld an der Ruffbus ass nëmme bedéngt méi bëlleg ewéi den S-Bus!!
Beispill Maison des Jeunes : laut Konten am Joer 2008 beleeft sech de Chiffre op gutt 88 000 Euro a fir 2010 sinn 95 000 Euro ageschriwwen. All Veräiner, déi mat jonke Leit schaffen, kënne vun däraartege Zommen nëmmen dreemen. Oder mindestens zéng Joer laang domatter schaffen!- Dës a vill aner Froen, soll mir net scheien ze stellen a Léisungen ze siichen.
- Och musse mir eis – an dovunner sinn ech iwwerzeegt, nei Einnamequelle sécheren. Mir kënnen net einfach nëmme mat neien Taxen oder mat Taxenerhéijunge fueren. Besonnesch am Energiesektor mat klenge Wärmekraftkopplungsanlagen. An eiser Geriatrie funktionéiert dat säit Joere beschtens. Hei kréie mir jo dat Geld eran, wat mir brauche fir dëst spéider ze erneieren!
Iwwregens si jo zwee Etüdebüroe mat enger Analys respektiv der Opstellung vun engem Fënnefjoeresfinanzplang chargéiert ginn! E Plang, deen awer leider net duerchgezu ginn ass; zumindest net am Conseil. Ech hunn dës Zuelen nach eemol erausgekroopt fir nozeliesen! Heizou muss ech soen: di Situatiounsbeschreiwunge vun deemols sinn iwwerholl, d’Hypothese fir de Papeierkuerf, d’Szenarie mussen nei iwwerluet a kommentéiert ginn. D’Zuelematerial ass jiddefalls an der Tëschenzäit iwwerholl an d’Parameter op deene geschafft ginn ass, hu staark changéiert, sinn evoluéiert oder ganz anescht. Et ass trotz allem een Dokument mat interessanten Aussoen. Definitiv Konklusioune sti jo net dran, op der anerer Säit weist d’Dokument op dat hinner, wat ech ufanks schonns gesot hunn: Mir mussen eis op eng schwiereg Finanzsituatioun astellen (an deemools wor nach näischt vu Kris a manner Recette fir de Staat an domatter Gemengen um Plang!!). Fir déi vill Investitiounen a Projeten, di mir nach wëllen ugoen, musse mir eis gutt virbereeden an eng kohärent Finanzplanung op d’Been stellen.
An all Budget, dee mir elo uginn, muss besonnesch op seng Nohaltegkeet, op seng Zukunftsfähegkeet hi gekuckt an opgestallt ginn. Et ass och Schued, datt mir dës Diskussioun vun enger méiglecher Opstellung vun engem plan financier pluriannuel ni ofgeschloss hunn. Ech rappeléieren hei just wat ech virdrun iwwer d’Prioritéitelëscht gesot hunn.
Et ass awer ze begréissen, datt am Budget 2009 (de rectifié weist et aus) an och elo am Budget fir 2010 – zumindest am ordinäre Beräich mat Virsiicht a Responsabilitéit agéiert ginn ass! Obschonns ech awer drop hiweisen, datt grad am Budget 2010, wat mir kengesfalls ënnerschätzen dierfen, datt eis Dépenses ordinaires liicht klammen, während d’ordinär Recette liicht falen. OK, de Buergermeeschter huet a senger Presentatioun drop higewisen, datt de groussen Deel vun der Augmentatioun op lountechnesch Elementer zréckzeféieren ass. Dat relativéiert aus senger Sicht villes. Et ass sech zudem am Kader vun der Circulaire vum Inneminister beweegt.
An hei ass ze hoffen, datt dës Augmentatioun op der Depensesäit realistesch definéiert an genee ageschat ginn ass, an net nach weider klëmmt. Mir beweegen eis jo schliisslech an engem wirtschaftlechen Ëmfeld, dat net onbedéngt einfach Zäiten ausweist, de Géigendeel ass éischter de Fall! An dann ass op der Recettesäit och net onbedéngt mat méi Suen ze rechnen, ewéi dat Gott sei Dank schonns méi dacks de Fall wor. Ech mengen hei net nëmmen dëst Joer, mä besonnesch d’Budgete vun de Joeren 2011 an 2012, wa manner Recette voll dra schloen. Dofir alles wat haut geplangt an u Geld agesat gëtt, muss och muer nach eng Finanzperspektiv erméiglechen.
Recette ginn erof – Dépensen erop!
Et ass ouni Zweiwel net einfach weder op der Recette – nach op der Depensesäit aus der Hëft eraus ze schéissen an ze soen, wat fir eng Mesuren ze huele sinn, fir dann entweder d’Recetten ze hiewen oder d’Depensen ze reduzéieren. Et ginn awer Sektiounen an domatter och Depensen, di hannerfrot kënnen oder solle ginn. Ech hu probéiert e puer Ureegungen ze ginn. Iwwregens hunn ech dat schonns e puer mol gesot: Eis Piscine ass e Faass ouni Buedem, hei ass driwwer nozedenken, wat besser oder anescht gemeet misst ginn! Mir brauchen e Konzept fir eis Schwämm méi attraktiv ze maachen, et geet dach net duer, datt mir jéimeren oder fannen, dat ass eng sozial Aufgab, déi d’Gemeng ze iwwerhuelen huet.
- · All Servicer ob fir Erwuessener oder Kanner, ob am sozialen oder am schoulesche Beräich belaaschten eis Finanzen. Mir sollen ouni Virurteel nokucken, genee ewéi och bei de kommunale Loyeren, ob mir hei alles konform organiséiert hunn, an ob alles korrekt ass, ob net nei Iddeeën ëmgesat kënne ginn, déi manner deier, dofir awer genee esou effizient oder fir am schouleschen ze bleiwen, genee esou flott a pädagogesch sinn. An der Stad hunn se de Courage opbruecht fir d’Classe de neige ze sträichen!
- · Wéi ass et mat der kommunaler Offallpolitik? Wéi ass et mat Valorluxmodeller? Dës Fro hu mir schonns bei der leeschte Budgetsrieden opbruecht. Firwat diskutéiere mir de Modell Valorlux net, aner Gemengen si ganz zefridden an hu sech quasi, wann och kleng am Volumen, nei Recetten erméiglecht!
Mir bedaueren allerdéngs ëmmer nach, datt mir dem Prinzip vum pollueur-payeur nëmme bedéngt Rechnung droen! Et gëtt nach ëmmer net op d’Gewiicht taxéiert, mä op d’Frequenz. Dat ass net korrekt. Bei der Sidor gëtt jo net gekuckt wéi oft de Camion mat Dreck erafiert, mäi wéi schwéier den Dréck am Camion ass. Hei ass nach wie vor eppes ze maachen, dofir meng Fro un de Schäfferot: wat gëtt an de Syndikater gemeet fir zesumme mat den anere Gemengen hei eng Léisung ze kréien, déi méi gerecht ass?
- · “Wéi ass et mat der Waasserpolitik, sprech Drénk- an Schmotzwaasser. Egal wéi, wann d’europäesch Direktiv fir Waasser ëmgesat gëtt, si ass jo elo an der Chamber gestëmmt ginn, da mussen d’Taxe vum Waasser ugepasst ginn, d’Berechnung gëtt eng aner. Dofir solle mir net Gottes Wasser iwwer Gottes Land lafe loossen, mä elo schonns d’Jalon setze fir dat herno net eng massiv Taxenerhéijung gemeet muss ginn”, dës puer Sätz oder esou ähnlech hunn nach ni gefeelt bei menger Interventioun. Haut wëll ech dëse just an Erënnerung ruffen. D’Waasserdirektiv ass ëmgesat ginn, dat ass gutt; wann ech awer gläichzäiteg muss soen, datt prozedural gesinn, ass net um Gemengeniveau wéineg Transparenz garantéiert ass an d’Berechnung fir de Waasserpräis och net der letzte Weisheit Schluss ka sinn!
- · Ass net och Spuerpotential bei de Gemengesyndikater dran: wat fir eng Politik a wellech Gespréicher gi gefouert fir eng méi gerecht Finanzpolitik an de Syndikater par rapport zu den eenzelne Gemengen ze féieren. Wat am Kader vum Night Rider méiglech ass, muss och an de Syndikater méiglech sinn, z.B. eng Awunnergläichwäertberechnung an der Kläranlag. Et ka jo net sinn, datt mir eis Kanalinfrastrukturen opbesseren, datt mir mat manner Betriber der Kläranlag zu Laascht falen, a mir musse blechen. Wat huet de Schäfferot an dësem Dossier ënnerholl fir méi Gerechtegkeet ze schafen? A propos Syndikater: mir hu par rapport zu 2008 ëmmerhin e plus vun 100 000 Euro Engagementer am Budget ageschriwwen. Et sinn insgesamt ronn 1,8 Mio Euro un Engagementer, oder bal 8% vun den uerdentlech Ausgaben. Brauche mir wierklech de Sicona? Firwat ass de Sigi esou deier? Sinn d’Primärziler vum Sigi net schonns duerch anerer ergänzt, déi nëmmen indirekt mat de Besoine vun der Gemeng ze dinn hunn! Firwat déi vill Müll- oder Offallsyndikater? Musse mir hei net ëmdenken?
Nach kuerz zum Investitiounspak am Budget extraordinaire. Et sinn 9,13 Milliounen Euro. Deem géintiwwer sti 7,8 Milliounen Euro Recetten. Also nëmmen 1,5 Milliounen aus dem Boni général decke 16% vun den Dépenses extraordinaires of. Do hate mir schonns besser Situatiounen, wou nach bis 50% aus dem ordinäre Beräich, Extraordinäres bezuelt konnt ginn.
Déi aner 64% ginn eben duerch 7,8 Millioune Recettes extraordinaires ofgedeckt, a gläichzäiteg quasi mat der Hëllef aus de Méirecetten bei de Waassertaxen!!
Eis Scholdesituatioun ass manner strapazéiert ewéi am leschte Joeren, dank enger verbesserter Zënssituatioun. Sou beleeft sech eis Schold de Moment op 34,67 Milliounen a fir sech um Enn vum Joer 2010 op 32,47 Milliounen Euro ze stabiliséieren, dëst bei Annuitéite vun 10,52% vun den uerdentlechen Einnamen an 11,18% vun den uerdentlechen Ausgaben. Wat trotz allem eng Belaaschtung fir eise Budget duerstellt. Déi allgemeng gülteg Norm vun 12% als vertrietbar ierwecht Grenz wat d’Verbindlechkeeten zu den uerdentlechen Einnamen ugeet, gëtt jiddefalls touchéiert, an et bleift ze hoffen, datt mir an dëser Period, wat ech awer bezweiwelen net awer nach mussen op een Emprunts zréckgräife musse. Zréckgräifen op Friemkapital (also op Emprunts) huet de vertriedbare Kader zwar nach iwwerschratt, ass awer amgaang dës Grenz ze erreechen!!! D’Verhältnis Eegekapital zu Friemkapital ass manner gënschteg ewéi soss a strapazéiert ouni Zweifel eis Gemengefinanzsituatioun. Ok mir sinn nach net bei 20% Annuitéiten, wou den Inneminister muss decidéieren. Mä nach e weideren Emprunts an der Gréissenuerdnung vun 3 Mio Euro a mir klappe schonns un d’Dir. Dës Meenung hunn ech d’lescht Joer schonns vertrueden, an ech bleiwen dobäi. Ech wëll dat elo net als Virworf formuléieren, mä an aller Däitlechkeet op eis aktuell Situatioun hiweisen.
D’Pro-Kapp Verschëldung läit haut bei 3,913 Euro bei enger Populatioun vun 8.800 Awunner a kéint also bis zum Enn vum nächste Joer op ronn 3600 Euro erofgoen, bei estiméierte knapp 9000 Awunner, wann d’Entwécklung de Budget suivéiert.
Esou wäit zu e puer allgemenge Bemierkungen:
- Dépenses ordinaires klammen, di ordinär Recette falen
- Eis Capacité financière verbessert sech net, geet eigentlech zréck
- De Boni definitiv hëlt – iwwer d’Joeren analyséiert – of
- Mir mussen eis op eng schwiereg an nei Finanzsituatioun astellen.
- An all Budget muss op seng Nohaltegkeet an op seng Zukunftsfäegkeet hinner gekuckt an opgestallt ginn.
- Eis Scholdesituatioun huet sech verbessert, ass awer nach ëmmer strapazéiert
- Et si nach vill Projeten, di nach ze finanzéiere sinn
- Mir hunn zesummen nach e puer Aufgaben ze meeschteren, fir eis Finanzsituatioun ze stäerken
- Mir sollen ouni Virurteel alles hannerfroen
Lescht Remarque nach zum Extraordinären:
De Buergermeeschter schwätzt vu Schwéierpunkten, déi dominéieren: Modernisatioun vun den Infrastrukturen, Erneierung vun de Strosseninfrasturkturen, Weiderverbesserung vun de Sportinfrastrukturen, … do si vill ënnerstëtzenswäert Initiativen. Besonnesch d’energetesch Verbesserung vum ale Sprëtzenhaus. Et sinn awer och Punkten dobäi, déi mir net als Prioritéit gesinn.
Packe mir et fir an engem dach relativ kuerzen Zäitraum eis Populatioun op iwwer 10 000 wuessen ze loossen? Si mir wierklech esouwuel infrastrukturell e wéi och finanziell drop virbereet? Hei sinn nach eng Rei Inconnuen!
Et ass ze begréissen, datt eis Gemeng, déi jo eng Klimaschutzgemeng ass, an dësem an Ëmwelt- an Energieprojeten investéiert, awer hei wier nach méi Potential dran. Mir wëssen, datt mir eng ganz Rei Gebaier hunn, déi méi ewéi jee eng Isoléierung brauchen. Och de Centre sportif ass net optimal isoléiert mat de grousse Fënsteren. Et sinn dëst d’Erausfuerderunge vun der Zäit. All Invest an d’Energiespueren ass een Invest an d’Zukunft, ass een Invest fir manner Energie an domatter och manner Geld ze verpolveren. Dofir ass et Jammerschued, datt dat neit multidisziplinäert Haus vum FC Schëffleng nëmmen zum Deel no ökologesche Critère gebaut ginn ass. Iwwerhaapt hu mir, och wa schonns villes gemeet ginn, nach eng Rei Schwaachstellen, déi am Energie- an Elektrospueren ofgebaut musse ginn: ëffentlech Gebaier, déi owes hell beliicht sinn, Stroosseluuchten, déi mueres nach brennen.
Gutt, datt d’Idee vun der Cogeneratioun sech weider konkretiséiert. Dat ass een Invest fir d’Zukunft an et ass ze wënschen, datt mir hei di selwecht Erfollegsstory schreiwen ewéi déi vun der Cogeneratioun an der Geriatrie, haut eng wichteg Stäip fir eis Finanzen, an eng ökologesch nohalteg Moossnam!! Et geet ëm d’Prioritéiten.
Eppes zweetes wat an d’A fällt ass den Nullinvest, also Null Euro fir Kulturinfrastrukturen; hei si mir ëmmer nach op de Centre Sportif an den Hall polyvalent ugewisen, wa grousser Evenementer ustinn, ewéi Theater oder Concerten. Ok et sinn zwou Strukturen, déi net all ze schlecht sinn. Et ass awer a ville Punkte keng optimal Solutioun, weder au point de vue technique nach administrativ, besonnesch, well déi an den Halen engagéierte Veräiner hir Aktivitéiten an hier Traininger ëmmer nees ofännere musse. Eng Käschte-Notze-Rechnung fir den Opbau vu Podiumen an anerer Ausgaben drängen sech hei op.
Tëschent den Investitiounen an d’Sportsinfrastrukturen an den Perspektive fir nei Kulturhaiser ass onverkennbar eng Schiflag do.
Net ouni Afloss op eise Budget ass och de Wuesstem vun eiser Populatioun: 1990 waren an eiser Uertschaft knapp 6800 Awunner registréiert – fir de Budget 2010 ginn 8820 Matbierger estiméiert. Innerhalb vun 18 Joer deemno een Zouwues vun iwwer 2000 Leit. Dës Augmentatioun huet eng Influenz op eis Liewesqualitéit, op eis Infrastrukturen, op d’Verkéiersopkommen an op d’Déngschtleeschtungsservicer. Ech mengen et wär dofir och ubruecht endlech iwwer d’Zukunft vun eiser Gemeng ze schwätzen, dat heescht nodenken iwwer d’Liewes- a Wunnqualitéit! Brauche mir all déi Wunnprojeten, déi ugeduecht ginn. Wéi ass et mat Konzept fir eng intelligent Gestioun vum Verkéier, wéi ass et mat de grousse Projeten, déi realiséiert solle ginn, wéi ass et mat der Discussioun iwwer de PAG, asw …
Eis Fraktioun, och wa mir eng grouss Zuel vun Devisen an der leschter Sitzung matgestëmmt hu, kann dësem Budget net den Accord ginn. Et ass een Budget mat Inconnuen, et ass e Budget, wou d’Prioritéiten ze hannerfroe sinn. Et dierf jiddefalls näischt falsch lafen. Ech komme mir vir ewéi de Seeldänzer uewen um Plafong vum Zirkuszelt, deen ouni Sécherheetsnetz vun enger Säit op déi aner wëll goen. D’Netz vun der Sécherheet feelt. Ech hoffe fir de Schäfferot, datt mäi Verglach falsch ass!
0 Responses to “Ried vum Paul Weimerskirch zum Budgetprojet 2010”