Antennen a Satelliteschossele bréngen eis d’Welt an d’Haus. Op der Televisioun gesi mir an de Noriichte wat vrun e puer Minutten an Indien, Brasilien, der Türkei oder an der Sahara, dem Reebësch oder an der Arktis geschitt ass.
Politesch, sportlech a kulturell Evenementer uerschtert d’Welt kënne mir en direct erliewen, esou datt mir d’Gefill hunn, selwer mattendran op der Plaz ze sinn.
Am Zäitalter vun Internet, de Kommunikatiounsautobunnen an der Globaliséierung vun der Weltwirtschaft entgeet eis näischt: Vill schéi Momenter, awer och d’Nout an d’Elend op dëser Welt. Biller vu Kanner, déi un Ënnerernärung stierwen. Biller vu Krich an Terror.
Biller, déi ëmmer nees ob e Neits kloer maachen, dat mir op dëser Welt nëmmen eng eenzeg wierklech Aufgab hunn: Net am eegene Wuelstand erstécken, mä aktiv un der Léisung vun de grousse Suergen, déi ganz Mënschheet beweegt, deelzehuelen. Net Abseits stoen, mä Responsabilitéit iwwerhuelen.
Sech deemno net virun der Aarbecht drécken, an dat, wat ee fir sech selwer an Usprooch hëlt, och fir deen aneren ze maachen. Fänk ni un opzehalen – hal ni op, unzefänken – dat Neit fänkt ëmmer erëm un – a mir mir hunn ëmmer erëm eng Nei Chance, an zwar elo.
0 Responses to “Eng Nei Chance”