Een oppent Häerz

Obschonns dräi Milliarden: Et liewen ze wéineg Mënschen op eiser Welt! Dëse provokative Saz hunn ech kierzlech an enger Zeitung gelies, an hu mech gefrot, wat dat soll! Jo, mir brauche Mënschen op dëser Welt!

Mënschen, déi een oppent Wuert riskéieren, wann engem aneren Onrecht geschitt. Mënschen, déi léiwer eppes hierginn a verschenken ewéi nëmmen un d’Akasséieren ze denken.

Mir brauche Mënschen op dëser Welt, déi eng Hand mat upaken, déi Vertraue vermëttelen an déi matschaffen, datt eis Gesellschaft méi Solidaritéit, Hëllefsbereetschaft an Toleranz kenneléiert.

Mënschen, déi een oppent Häerz hunn an sech fir méi Qualitéit am Zesummeliewe mat anere staark maachen.

Eng gëlle Regel seet: Dat wat s Du sees, wäerts Du och oprafen, Däin Liewen ass d’Resultat vun Dengen Actiounen. Fänk ni un opzehalen – hal ni op, unzefänken – dat Neit fänkt ëmmer erëm un – a mir mir hunn ëmmer erëm eng Nei Chance, an zwar elo.

1 Response to “Een oppent Häerz”


Leave a Reply