Zum Schoulufank

Wat haut selbstverständlech ass, war net ëmmer esou. D’Liewensgeschicht vum populären éisterräichesche Volleksschrëftsteller Peter Rosegger beweist dat.

Als aarmen Hiertejong konnt hie keng Schoul besichen. Ee pensionéierte Schoulmeeschter, deen mat der Famill befrënnt wor, huet dem kléngen Jong dunn a senger Fräizäit d’Liesen a Schreiwen bäibruecht.

A senge liesenswäerten autobiographeschen Erzielungen “Als ich noch ein Waldbauernbub war”, beschreift de Peter Rosegger, op eng flott Art a Weis, wéi hien mat Freed zum Léieren erzunn a motivéiert ginn ass.

Ech wënschen onse Kanner, datt och si um Wee an d’Erwuesseneliewen Leit begéinen – Elteren, Schoulmeeschteren, Reliounsjofferen – déi si mat Léift a Freed an der Schoul begleeden.

0 Responses to “Zum Schoulufank”


  • No Comments

Leave a Reply